Am Kader vun engem Test Betrieb vun enger Lët’z Clock un enger PowerBank konnt ech den duerschëttleche Stroumverbrauch mat de Standard Astellungen ermëttelen.
Meng PowerBank liwwert 5V an huet eng Kapazitéit vun ~18000 mAh (=18Ah).
Standard Astellungen vun der Auer: Hellegkeet 25%, Zoufälleg Faarf all 5 Minutten
No e bëssi méi wéi 2 Deeg (>48 Stonnen) huet sech d’Lët’z Clock augeschalt, d’PowerBank war éidel.
Energie Kapazitéit vun der PowerBank
Mat folgender Formel errechent een:
\(\text{Energy (Wh)} = \text{Capacity (Ah)} \times \text{Voltage (V)} = \text{18Ah} \times \text{5V} = \text{90Wh}\)PowerBank huet also eng Energie Kapazitéit vun 90Wh
Duerschnëttlechen Energie Verbrauch
Dofir gëtt d’Formel :
\(\text{Average Power (W)} = \frac{\text{Total Energy}}{\text{Time}} = \frac{\text{90Wh}}{\text{48h}} = \text{1.875W}\)D’Auer verbaucht also am Duerschnëtt ongeféier 1,875W
Wëll d’Auer jo mat 5V bedriwwe gëtt, könne mir doraus den duerschnëttlechen Stroumverbrauch ausrechnen. D’Ëmstellen vun der Formel \(\text{Power (W)} = \text{Voltage (V)} \times \text{Current (A)}\) ergëtt also:
\(\text{Current (A)} = \frac{\text{Power (W)}}{\text{Voltage (V)}}= \frac{\text{1.875}}{\text{5}}=\text{0.375A}\)0.375A, dat enstprëcht 375mA
Anhand vun dësem Wäert könne mir ongeféier d’Lafzäite vun enger Lët’z Clock un enger PowerBank errechnen:
\(\text{Lifetime (h)} = \frac{\text{Battery Capacity (mAh)}}{\text{Load Current (mA)}}\) \(\text{Lafzäit mat enger Kapazitéit vun 5000 mAh} = \frac{\text{5000 (mAh))}}{\text{375 (mA)}}= \text{13,33 h}\)| Kapazitéit (mAh) | Lafzäit (Stonnen) |
|---|---|
| 5000 | 13.33 |
| 10000 | 26.66 |
| 20000 | 53.33 |
Opgepasst! Dës sin theoretesch Wäerter, eng PowerBank huet jo selwer interne eng Batterie déi mat 3.7 V funktionéiert. Dat bedéit dass een Voltage Booster am Asatz kënnt. Dës hunn ongeféier eng Effizienz vun 80-90%. (also 10-20% Verloscht)
Doduerch enstinn Ofweichungen déi vun PowerBank zu PowerBank ënnerscheedlech ausfale können.
