Froen ?

Klickt op eng Fro fir d’Äntwert ze gesinn.

>Wéi sinn Garantie Konditiounen?

Ech ginn 2 Joer Garantie op d’Auer. Am Fall vun externen Beschiedegungen ( Z. bsp. eng chute) , dës ginn net vun der Garantie ofgedeckt. Wéider Informatiounen op der Säit Remboursement & Garantie


>Wou fannen ech de Benotzer Guide?

Hei ass de komplette Guide als PDF, oder just de Quickstart Guide als PDF.


>Access Point letzclock verschwonnen

Den Access Point “letzclock” start automatesch no enger Minutt, wann d’Auer keng Wifi oder Internet Verbindung huet. Dësen Access point bléift och nëmmen 4 Minutten aktiv. Duerno schalt en sech of, an d’Auer muss frësch gestart ginn fir dass den Access point rëm erschéngt.


>Wifi kritt sech net verbonnen

Stellt sécher dass d’Auer mat engem 2.4Ghz Wifi verbonne gëtt. 5GHz Wifi gëtt net ënnerstëtzt.
Passt och op Grouss / kleng schreifweis op. “MäinWifi” ass net datselwecht wéi “mäinwifi”


>Faarf Astellungen gi net gespäichert oder no engem Neistart net méi do?

Stellt sécher dass d’Auer no der läschter Ännerung op manst eng Stonn leeft. D’Astellungen ginn jeweils all 60 Minutten an de Kontroller geschriwwen, dëst fir Liewensdauer vum Späicher ze garantéieren.

Desweidere start d’Auer ëmmer mat wäiss. Et dauert bis zum nächste Wiessel (d.h. spéitstens no 5 Minutten) bis dass Faarf Astellungen aus dem Späicher applizéiert ginn.


>Hellegkeet op engem mobile Gerät änneren

Android: Gerät am Querformat halen, an dann am “…” Menu am Chrome Browser d’Optioun “Desktop Website” aktivéieren. Dann ass et méiglech mëttels Zoom d’Vue esou unzepassen dass een déi Hellegkeets Regler bedénge kann.

Am Chrome Menu “Desktopwebsite” aktivéieren
Dann zoomen, an et sollt dann mam Regler klappen

iPhone/iPad: Leider verhënnert een Software Problem dass Regler op mobile Apple Geräter korrekt ugewise ginn. Hei hëlleft fir de Moment nëmmen dës Astellungen iwwert een Desktop oder Laptop Computer ze veränneren.


>Heefeg Ännerungen féieren zu engem Neistart

Dëst trëtt op wann ze schnell hannereneen Faarwen geännert ginn oder pre-définéiert Faarwen aus der Lëscht ausgewielt ginn.

Ursaach ass de limitéirte Späicher vum Mikro Kontroller, wann d’Auer neistart ass een “out-of-memory” exception de Feeler. Dogéint gëtt et fir de Moment keng Léisung.


>Kann ech d’Auer och iwwert eng Batterie bedréiwen?

D’Auer kann och iwwert eng USB Powerbank bedriwwe ginn, sou laang dass Powerbank 5V a bis zu 2A liwwere kann. Kuckt heizou och den Artikel “Ufuerderunge vun der Stroumversuergung


>Mat engem anere Wifi verbannen

Am Fall wou d’Wifi Verbindung sech net méi verbonne kritt, entweder wann SSID oder Passwuert geännert hunn, start den Access Point vun der Auer automatesch no 1 Minutt. Dann verbënnt een sech mat dësem Access Point an gëtt einfach déi nei Wifi Informatiounen an.


>Lët’z Clock ouni Wifi ariichten

Falls d’Auer op eng Plaz installéiert soll ginn wou keen oder schlechte Wifi Empfang ass, kann een “HotSpot” vun engem Smartphone benotzen. Dozou gëtt et een separaten Artikel.


>D’Auer ass hänke bliwwen a geht elo net méi un

Wann beim Uschalten guer keng LED ugeht, ass wahrscheinlech den Kontroller defekt. Kontaktéiert mech iwwert moien@letzclock fir een échange.


Är Fro net dobäi? Dann schréift mech wegl. iwwert de Kontakt Formular un.