Aktuell Versioun: V4-2026.3.3
Opgepasst: No engem Update muss d’Auer rëm frësch mam Wifi verbonne ginn. Détailer an den Instruktioune wéider ënnen oder klassesch wéi am Quickstart Guide beschriwwen.
Instruktioune
D’Auer muss mam USB Kabel mam Computer verbonne sinn.
Wichteg! Dës Instruktioune funktionéiere nëmmen am Google Chrome / Microsoft Edge Browser.
- Op de Knäppche “Connect” klicke.
- An der Lëscht vun den seriellen Schnëttstellen “USB Serial (COM X)” auswiele.

Remarque: Wann keng USB Serial Schnëttstelle ugewise gëtt, da muss fir d’éischt nach
CH340 Driver installéiert gi.
Folgend Fënster erschëngt wann een op “Cancel” klickt bei der Schnëttstellen Auswiel:

- Falls den Driver installéiert ass an d’Auer erkannt ass erschéngt eng wéider Dialogbox.
- Dann op “Install Lët’z Clock” klicke:

- Bestätege via Klick op “Install“

- D’Installatioun fänkt un, dauert 1-2 Minutte.

- Installatioun ofgeschloss, klick op “Next“.

- An dëser Etappe op “Skip” klicken fir mat der Wifi Konfiguratioun wéider ze fuere. De Message kann e bëssi verwirre, d’Auer ass zu dësem Zäitpunkt nach NET mam Wifi verbonne.

- An dëser DialogBox op “Change Wi-Fi” klicke.

- De Wifi auswiele, an dann d’Passwuert aginn, a wéider mam Knäppchen “Connect“

- Elo ass d’Auer mam Wifi verbonne, a sollt och schon déi korrekt Zäit uweise.

- Mam Knäppchen “Visit Device” kann ee direkt de Web Interface opruffen fir verschidden Astellungen (Hellegkeet, Nuecht Modus etc…)

Changelog
V4 (2026):
- Manuelle Nuecht Modus
- Wifi Settings elo och iwwert ee Computer astellbar
V3 (2025):
- Neie Web Interface (besser Kompatibilitéit mat iOS Geräter)
- Verbesserten automatesche Nuecht Modus
- 5/15/30/60 Minutte Timer Auswiel
V2:
- Komplette Re-Write vum Code, nie released
V1 (2023):
- Initial Versioun