Lët’z Clock ouni Wifi ariichten

Dësen Artikel beschréift d’Méiglechkeet d’Lët’Clock ouni Wifi (oder ganz schlechten Wifi Empfang) trotzdem a Betriib ze huelen.

Eng Lët’z Clock Auer brauch just beim Starten eng Internet Verbindung, dass sie sech op manst 1 Kéier mat der Zäit synchroniséiere kann. Duerno leeft se un sech einwandfrei, bis entweder d’Summer / Wanter Zäit ëmgestallt gëtt oder se vum Stroum getrennt gëtt

Benéidegt gëtt dofir just een Smartphone deen een “HotSpot” zur Verfügung stellen kann.

Bei engem Hotspot benotz den Smartphone Mobilen Data souwéi een Wifi fir aner Geräter Internet zur Verfügung ze stellen.

Beispill vum Erstellen vun engem HotSpot mat engem Android Smartphone

Virum Uschalten vun der Lët’z Clock soll dësen HotSpot schon aktiv sinn, an den Numm vum Wifi souwéi d’Passwuert bekannt. Dës kann ee jo selwer am Smartphone définéieren.

Soubal d’Auer sech während der 1ter Minutt net mat engem Wifi resp. Internet verbanne kann geht sie an den Konfiguratioun’s Modus. Hei start sie selwer een Wifi “letzclock”, op deen een sech dann mat engem anere Gerät verbënnt,

Beim Punkt “Wifi Settings” vun der Gebrauchsanweisung dann eben déi temporär HotSpot Informatiounen uginn.

Op dësem Punkt gëtt dann eben den “HotSpot” Wifi vum Smartphone uginn
  • No all Neistart oder Stroumausfall muss d’Auer nei ageriicht ginn
  • Keng automatesch Ëmstellung bei Summer / Wanter Zäit, muss dann jeweils nei ageriicht ginn
  • Web Interface fir d’Astellungen ze veränneren bléift inaccessible.