Konditioune fir d’Garantie an Remboursement

Remboursement

Eis Remboursement a Retour Politik iwwerdeckt 30 Deeg. Wann 30 Deeg zënter Ärem Kaf vergaange sinn, kënne mir Iech kee Remboursement ubidden. Falls Iech d’Auer innerhalb vun 30 Deeg net méi gefällt kritt dir 100% vum Präis rembourséiert.

Garantie

Dauer vun der Garantie op d’Auer ass 2 Joer. Dëst deckt och eenzel LED souwuel wéi de Kontroller of. Am Fall vun externen Beschiedegungen um Gehäis (Beispill: eng chute), dës ginn net vun der Garantie ofgedeckt.

Reparatur

Ausserhalb vun der Garantie Zäit an/oder am Fall vun enger Friem Awierkung ass eng Reparatur ëmmer méiglech, an solch engem Fall gëtt just d’Material (LED / Kontroller) oder den Opwand (Re-Print vum Gehäis) verrechent.

Froen?

Kontaktéiert mech iwwert de Kontakt Formular.