D’Auer muss mam USB Kabel mam Computer verbonne sinn.
Wichteg! Dës Instruktiounen funktionéiere nëmmen am Google Chrome / Microsoft Edge
Browser.
- Am Browser URL https://web.esphome.io/ opruffen
- Op de Link “Connect” klicken
- An der Lëscht vun den seriellen Schnëttstellen “USB Serial (COM X)” auswielen
- Op de Knäppchen “Connect” klicken

Remarque: Wann keng USB Serial Schnëttstelle ugewise gëtt, dann mussen fir d’éischt nach
CH340 Driver installéiert ginn.
Folgend Fënster erschëngt wann een op “Cancel” klickt bei der Schnëttstellen Auswiel:

- An der nächster Etappe op de Knäppchen “Install” klicken
- Mëttels “Browse” Knäppchen den Lët’z Clock Programm auswielen
- Knäppchen “Install” Klicken

Programmatioun dauert ca 1-2 Minutten. Während dem Update ginn all Astellungen iwwerschriwwen.
Duerno start d’Auer frësch, a muss rëm mam Wifi verbonne ginn. Wéider Informatioune an Prozedur fannt dir am Dokument “Quickstart Guide“.