Lët’z Clock Discovery Tool

De Web Interface mat den Astellungen (Faarf, Hellechkeet etc..) vun enger Lët’z Clock Auer ass entweder via http://letz-clock.local oder via hier IP Adress ereechbar.

Et ka virkommen dass d’Auer mat engem Wifi Réseau verbonnen ass deen déi .local blockéiert, oder et huet ee méi wéi eng Lët’z Clock am Wifi Réseau. Heiansdo huet een och keen accès op de Wifi Router fir d’IP Adress vun enger Auer erauszefannen. (cf. Blog Artikel IP Adress vun der Lët’z Clock fannen)

Fir solch Fäll gëtt et elo een “Lët’z Clock Discovery Tool”. Dëse Programm sicht am Réseau no enger Lët’z Clock Auer, a weist se dann an enger Lëscht un. Da brauch ee just nach op de Link ze klicken, an de Web Interface sollt sech an enger neier Fënster uweisen.

Windows – Lët’z Clock Discovery Tool Screenshot

Dësen Outil gëtt et fir Android (Smartphone oder Tablet), souwéi fir Windows.

Downloads:

Remarque: De Windows MSI Installer benéidegt Administrator Rechter fir d’Installatioun.