LËT’Z CLOCK

Lëtzebuergesch “Wordclock”

Weist Zäit anhand vun beliichten LED un. Faarf kann manuell oder automatesch gewiesselt ginn.

Iwwert Lët’z Clock

D’Auer ass een Hobby Projet vu mir. Virun e puer Joer hun ech mol eng Englesch “WordClock” nogebaut. Doropshin hunn ech déi Englesch versicht op Lëtzebuergesch ëmzestellen. No e puer Prototypen sinn méi a méi “Features” dobäi komm. (Web Interface, Nuecht Modus…)

Lues a lues sinn ech ëmmer méi gefrot gin op déi Auer net zum Verkaf steht.

Selwer hiergestallt!

Mat standard Baudeeler (WS2812B LED / ESP8266 Mikrokontroller) an engem Gehäis aus dem 3D-Printer. (Making of LËT’Z CLOCK)

Produktioun?

All Auer gëtt no der Bestellung zesumme gebaut an dann fir 1 Woch getest.

Wat gëtt gebraucht?

Benéidegt eng Wifi Verbindung (Internet) an eng USB Stroumquelle (Kabel), kann och iwwert eng PowerBank bedriwwe gin.

Een 10W Power Adapter ass mat dobäi.

Web Interface mat de méiglechen Astellungen vun enger Lët’z Clock: