Dës Säit beschréift wéi eng Lët’z Clock mat engem anere Wifi verbonne gëtt.
Wichteg! Dëst funktionéiert nëmme mat der Firmware Versioun 4 (Wéi erkennen ech Firmware Versioun?)
D’Auer muss mam USB Kabel mam Computer verbonne sinn.
Wichteg! Dës Instruktioune funktionéiere nëmmen am Google Chrome / Microsoft Edge
Browser.
- Op de Knäppche “Connect” klicke.
- An der Lëscht vun den seriellen Schnëttstellen “USB Serial (COM X)” auswiele.

Remarque: Wann keng USB Serial Schnëttstelle ugewise gëtt, da muss fir d’éischt nach
CH340 Driver installéiert gi.
Folgend Fënster erschëngt wann een op “Cancel” klickt bei der Schnëttstellen Auswiel:

- Falls den Driver installéiert ass an d’Auer erkannt ass erschéngt eng wéider Dialogbox.
- An dëser dann op “Change Wi-Fi” klicke.

Remarque: Falls dës Fënster just “Install Lët’z Clock ” an “Logs & Console” uweist, dann einfach mat “X” zoumaachen an nach emol versichen.
- Dann nach déi nei Wifi Verbindungs Informatiounen uginn an op “Connect” klicke.
