Lët’z Clock – Bestëmmten Faarwen zoufälleg auswielen

Standardméisseg ännert Lët’z Clock all 5 Minutten hier Faarw aus zoufälleg erstallte Wäerter fir déi 3 Grond Faarwen Roud, Gréng a Blo.

Dat kann dozou féieren dass heiansdo eng Faarf ugewise gëtt déi, besonnesch fir déi wäiss Auer, net gudd passen.

Mam Home Assistant kann een sech een Automatisme erstellen deen all X Minutten (z. bsp all 30 Minutten) Faarw zoufälleg aus enger Lëscht vun pré-selectionnéierten Faarwen auswielt.

Dofir muss awer fir d’éischt am Web Interface vun der Auer den Faarf Modus op “Manuell” gesat ginn. Mir wëlle jo net dass d’Auer eegestänneg hier Faarf ännert.

Lët’z Clock Web Interface – Manuelle Faarf Modus am Punkt 3 uschalten.

Hei ass ee Beispill vun engem Automatisme deen all 45 Minutten Faarf anhand vun enger Lëscht ännert:

<code>alias: Lëtz CLock - All 45 Minutten Faarf wiesselen
description: ""
trigger:
  - platform: time_pattern
    minutes: /45
action:
  - service: light.turn_on
    data_template:
      color_name: >-
        {{ &#91;
        "Red","Orange","SeaGreen","Blueviolet","Aqua","Tomato","Purple","SandyBrown","SlateGray","SlateBlue"]
        | random }}
      brightness_pct: 42
    target:
      entity_id: light.letz_clock
mode: single
</code>

De Wäert bei “brightness_pct” ass d’Hellegkeet an “%” ausgedréckt.

Lëscht vun méigleche Faarwen ass um Site https://www.w3.org/TR/css-color-3/#svg-color ënnert dem Punkt 4.3 définéiert.

Leave a Comment

Your email address will not be published. Required fields are marked *