Nei Firmware Features fir 2026

Virun ongeféier engem Joer ass déi nei Firmware fir Lët’z Clock Auer an de Produktiv Betrib gaang, a säitdeem déi sech als stabil erwisen huet ass et un der Zäit fir eee neie Feature bäizesetzen:

Manuelle Nuecht Modus

Bis elo huet den Auto. Nuecht Modus (baséiert op Sonnen Op- an Ënnergang) seng Déngscht gutt erfëllt, mee heiansdo wéilt een awer léiwer fix Zäiten androe wou d’Hellegkeet da gedimmt gëtt.

  • Manuelle Nuecht Modus:
    • Schalter deen den Auto. Nuecht Modus direkt aus-schalt, ka jo nëmmen 1 Modus aktiv sinn.
  • Start- souwéi Enn-Zäit Auswiel:
    • Auswiel Këscht fir Start an Enn Zäit ze definéieren. Ass de Manuell Modus Schalter ugeschalt, an déi aktuell Auerzäit ass zwëschent dëse Start- an Enn-Zäiten, da gëtt Nuecht Hellegkeet applizéiert.

Datetime picker an Aktioun op engem Android Gerät

Wat nach?

Mat der neier Firmware Versioun ass och rëm Home Assistant Integratioun zeréck, déi huet missten aus Plaz Grënn wäichen.

Home Assistant Integratioun

Wiesou huet dat sou laang gedauert?

Dat huet 2 Grënn:

  1. Réischt mat der Versioun 2024.4 huet ESPHome een “DateSelect” agefouert fir solch Zenarie.
  2. Bis viru kuerzem war net méi genuch Späicher (RAM) um ESP Mikrokontroller iwwreg fir nach ee Feature bäizesetzen, den ESP war un der Limite ukomm fir ee stabille Betrib ze garantéieren. Enn 2025 huet ESPHome ugefaang immens Optimisatioune fir den ESP ze maachen, wat relativ vill Späicher fräiginn huet. Späicher deen elo ka genotzt gi fir dëse neie Feature.

Wéini?

Déi nei Firmware ass elo am Test, et dauert nach mindestens bis dëst Fréijoer bis se sech als stabil erwisen huet fir kënnen an de Produktiv Betrib ze goen.