Nei Firmware Versioun V4 an neien Update Tool

Virun e puer Wochen ugekënnegt, ass elo d’Versioun 4 disponibel.

Wat ass nei?

Manuelle Nuecht Modus

Start- souwéi Enn-Zäit Auswiel:

Auswiel Këscht fir Start an Enn Zäit ze definéieren. Ass de Manuell Modus Schalter ugeschalt, an déi aktuell Auerzäit ass zwëschent dëse Start- an Enn-Zäiten, da gëtt Nuecht Hellegkeet applizéiert.

Wifi Astellung per USB iwwer Computer

Den USB Kabel vun der Auer kann elo vun engem Computer mat Google Chrome / Microsoft Edge Browser benotzt ginn fir Wifi Astellung ze veränneren:

Dozou gëtt et och ee separaten Artikel: Wifi wiessel

Home Assistant Integratioun:

Fir Persoune mat Home Assistant, elo kann d’Auer (rëm) am Home Assistant intégréiert ginn.

  • Virdeeler:
    Faarwen an Hellegkeet kënne vum Home Assistant aus gestéiert ginn.
  • Auer kann als visuelle Reminder benotzt ginn. Beispill: Faarf op Gréng wann BIO Poubelle erausgestallt muss ginn.

Wei kann ech updaten?

D’Auer per USB Kabel mat engem Computer verbannen, an dann an Google Chrome oder Microsoft Edge folgend URL opruffen:

http://update.letzclock.lu

Op dëser Säit dann einfach den Instruktioune follegen.