D’Iddi fir ee neie Modell geeschtert schon eg Zäitchen ronderëm. De neie Modell sollt sech vum Original ofhiewen an nieft enger neier Form och eng nei Méiglechkeet ubidden fir d’Auer am Intérieur z’intégréieren, entweder klassesch opstellen, oder un d’Mauer hänken.
No etleche Stonnen mossen, entwerfen, printen an testen ass de neie Modell endlech am Shop disponibel: am Schwaarzen oder am Hellen (Marmer)


De Stänner fir d’Auer hinzestellen ass optionell, an och net fest verbaut, sou dass een ëmmer d’Wiel huet fir d’Auer opzehänken oder hinzestellen.




Um Niveau Funktionalitéit bidd dëse neie Modell déiselwecht Features wéi d’Original:
- Nuecht Modus (automatesch oder manuell)
- Sonnen Opgank an Ënnergank ginn all Daag automatesch errechent.
- Iwwert Smartphone steierbar
- Hellechkeets Astellung wielbar
- Separat Hellechkeet Astellung fir Nuecht Modus
- Zoufalls Modus fir Faarwen (timer all 5/15/30/60 Minutten), oder manuell Faarf Auswiel
-
LËT’Z CLOCK RONN
Price range: 139,99 € through 154,99 €
