LËT'Z CLOCK

Digital Auer op Lëtzebuergesch.

Op der Sich no engem Kaddo? Verschenkt eng Lët'z Clock!

Lët'z CLock

Lëtzebuergesch “Wordclock”

Weist Zäit anhand vun beliichten LED un. Faarf kann manuell oder automatesch gewiesselt ginn.

Iwwert Lët’z Clock

D’Auer ass een Hobby Projet vu mir. Virun e puer Joer hun ech mol eng Englesch “WordClock” nogebaut. Doropshin hunn ech déi Englesch versicht op Lëtzebuergesch ëmzestellen. No e puer Prototypen sinn méi a méi “Features” dobäi komm. (Web Interface, Nuecht Modus…)

Lues a lues sinn ech ëmmer méi gefrot gin op déi Auer net zum Verkaf steht.

Selwer hiergestallt!

Mat standard Baudeeler (WS2812B LED / ESP8266 Mikrokontroller) an engem Gehäis aus dem 3D-Printer. (Making of LËT’Z CLOCK)

Produktioun?

All Auer gëtt no der Bestellung zesumme gebaut an dann fir 1 Woch getest.

Wat gëtt gebraucht?

Benéidegt eng Wifi Verbindung (Internet) an eng USB Stroumquelle (Kabel), kann och iwwert eng PowerBank bedriwwe gin.

Een 10W Power Adapter ass mat dobäi.

76

LED WS2812B verbaut.

5

Meter Kabel gi gebraucht pro Auer.

780

Code enthält ESPHome Firmware fir den ESP8266 MikroKontroller.

Features

RGB LED

Personaliséiert Faarf zu äre Wënsch!

Pré-Définéiert Faarwen

10 Pré-définéiert Faarwen zur Auswiel.

Hellegkeet

Hellegkeet Regelbar

Web Interface

Web Interface fir verschidden Astellungen

Auto Faarf Modus

Zoufalls Modus fir Faarwen (all 5 Minutten), oder manuell Faarf Auswiel.

Nuecht Modus

Separat Hellegkeet Astellung fir Nuecht Modus.
Sonnen Opgank an Ënnergank ginn all Daag automatesch errechent.

Garantie

2 Joer

30 Deeg Geld zeréck

Falls Iech d’Auer innerhalb vun 30 Deeg net méi gefällt kritt dir 100% vum Präis rembourséiert.

Home Assistant

Einfach Integratioun am Home Assistant duerch ESPHome Firmware.

Beispill Faarwen:

Giel

Giel

Blo

Blo

Holz

Holz

Gro

Gro

Wäiss

Wäiss

DonkelBlo

DonkelBlo

Gréng

Gréng

Hell Blo

Hell Blo

Témoignage

  • Ech sinn déck zefridden mat der Auer! Nach emol en grousse Merci.

    Sandy M.
  • … elo weess ech endlech och mol wéi vill d’Auer et ass ! 😉🤭 Topp – Merci Yannick 💪

    Claude R.
  • Si huet lo endlech hir Plaz fonnt a mir si begeeschtert 🙂

    Max A.
  • Funktioniert alles, vielen Dank!

    Marcus C.
  • Deng Auer ass einfach Mega!

    Luc M.
  • Se si wierklech super!

    Gilles L.
  • Merci 🤩🤩😎🕰️ eng genial Auer!!!

    Manette S.
  • Eis mega flott nei Auer😃merci

    Michèle K.
  • Ech liiiiiieben deng Auer […] Einfach nemme Wow🤩

    Anouk H.
  • Emmer pünktlech…mat sou enger top Auer…”made in Luxembourg”

    Christiane S.
  • 🎉🎉 alles gudd geklappt

    Roberta T.
  • Mir sin begeschtert 🤩👌

    Tina G.

LËT'Z CLOCK am Betrieb:

Lët'z Clock kafen

Servicer

Quickstart Guide

Quickstart Guide

Instruktioune

Benotzer Guide

Lët'z Clock Team

Yannick

Yannick

Zënter 98 schaffen ech an der IT, an hunn säitdeem ëmmer gären Technologie installéiert an hier Problemer geléist.
Privat sinn ech bestued an eee stolze Papp. Sinn ëmmer fir eng Ronn Briet- a Videospiller an gudder Gesellschaft ze kréien.

Batzi

Batzi

Maskottchen

    Suergt reegelméisseg dofir dass Schrauwwen an aaner kleng Baudeeler fehlen.

    Aus onsem Blog

    Neit Joer, nei Faarwen

    Nei Faarwen zur Auswiel fir Lët'z Clock An den läschte Wanter Wochen huet den 3D Printer alles ginn, Insgesamt 9…

    Lët’z Clock ouni Wifi ariichten

    Dësen Artikel beschréift d'Méiglechkeet d'Lët'Clock ouni Wifi (oder ganz schlechten Wifi Empfang) trotzdem a Betriib ze huelen. (more…)

    Making of Lët’z Clock

    Dësen Artikel beschréift déi néideg Etappen bei der Hierstellung vun enger Lët'z Clock. (more…)