Klickt op eng Fro fir d’Äntwert ze gesinn.
Et si 2 Joer Garantie op d’Auer. Am Fall vun externen Beschiedegungen ( Z. bsp. eng chute) , dës gi net vun der Garantie ofgedeckt. Wéider Informatioune op der Säit Remboursement & Garantie
Quickstart Guide als PDF ,oder de komplette Guide vun der Versioun 1 (bis 07/2025) an Versioun 2 (ab 08/2025)
Den Access Point “letzclock” start automatesch no enger Minutt, wann d’Auer keng Wifi oder Internet Verbindung huet. Dësen Access point bléift och nëmme 4 Minutten aktiv. Duerno schalt e sech of, an d’Auer muss frësch gestart gi fir dass den Access point rëm erschéngt.
Stellt sécher dass d’Auer mat engem 2.4Ghz Wifi verbonne gëtt. 5GHz Wifi gëtt net ënnerstëtzt.
Passt och op Grouss / kleng schreifweis op. “MäinWifi” ass net datselwecht wéi “mäinwifi”
Stellt sécher dass d’Auer no der läschter Ännerung op manst eng Stonn leeft. D’Astellungen ginn jeweils all 60 Minutten an de Kontroller geschriwwen, dëst fir Liewensdauer vum Späicher ze garantéieren.
Desweidere start d’Auer ëmmer mat wäiss. Et dauert bis zum nächste Wiessel (d.h. spéitstens no 5 Minutten) bis dass Faarf Astellungen aus dem Späicher applizéiert ginn.
Update: Mat der neier Firmware Versioun (ab 08/2025) gëtt et ee verbesserte Web Interface, dëse funktionéiert ouni wéideres op Android an iOS Geräter.
Android: Gerät am Querformat halen, an dann am “…” Menu am Chrome Browser d’Optioun “Desktop Website” aktivéieren. Dann ass et méiglech mëttels Zoom d’Vue esou unzepassen dass een déi Hellegkeets Regler bedénge kann.


iPhone/iPad: Leider verhënnert een Software Problem dass Regler op mobile Apple Geräter korrekt ugewise ginn. Hei hëlleft fir de Moment nëmmen dës Astellungen iwwert een Desktop oder Laptop Computer ze veränneren.
Dëst trëtt op wann ze schnell hannereneen Faarwen geännert ginn oder pre-définéiert Faarwen aus der Lëscht ausgewielt ginn.
Ursaach ass de limitéirte Späicher vum Mikro Kontroller, wann d’Auer neistart ass een “out-of-memory” exception de Feeler. Dogéint gëtt et fir de Moment keng Léisung.
D’Auer kann och iwwert eng USB Powerbank bedriwwe ginn, sou laang dass Powerbank 5V a bis zu 2A liwwere kann. Kuckt heizou och den Artikel “Ufuerderunge vun der Stroumversuergung“
Am Fall wou d’Wifi Verbindung sech net méi verbonne kritt, falls SSID oder Passwuert geännert hu, start den Access Point vun der Auer automatesch no 1 Minutt. Dann verbënnt ee sech mat dësem Access Point an gëtt einfach déi nei Wifi Informatiounen an. (Sou wéi am Quickstart beschriwwe)
Falls d’Auer op eng Plaz installéiert soll ginn wou keen oder schlechte Wifi Empfang ass, kann een “HotSpot” vun engem Smartphone benotzen. Dozou gëtt et een separaten Artikel.
Wann beim Uschalten guer keng LED ugeht, ass wahrscheinlech den Kontroller defekt. Kontaktéiert mech iwwert moien@letzclock fir een échange.
D’Auer ass mam Internet verbonnen a synchroniséiert sech reegelméisseg mat Zäit Server. Doduerch ännert se automatesch vun Summer op Wanter Zäit (an vice-versa)
Dozou gëtt et ee separaten Blog Artikel. Zousätzlech gëtt et och nach eng Android a Windows App déi d’Auer am Réseau fannen an den Accès op de Web-Interface vereinfachen.
Dat ka passéiere wann follgend Konditioune erfëllt sinn:
- Nuecht-Modus ass aktiv
- Nuecht Hellegkeet ass op ee ganz niddrege Wäert agestallt
- Zoufalls generéiert Faarwe hunn alleguer ee niddrege Wäert
Erklärung: D’Auer ass net aus, mee d’LED liichten esou schwaach dass et net duerch den “Diffusor” duerchgeet. Bei der nächster zoufälleger Generatioun ginn dann eventuell méi héich Faarf Wäerter erstallt, doduerch erschéngt d’Auer dann rëm “un”.
Fir dat ze verméiden ass et recommandéiert d’Nuecht Hellegkeet net ënnert de Wäert “10” anzestellen.
Är Fro net dobäi? Dann schréift mech wegl. iwwert de Kontakt Formular un.